24.08.2016

Kräiderquark Workshop um Last Summer Dance

Fir déi éischte kéier ass LIFE Eislek dëst Joer um Last Summer Dance, e Konscht a Musek Festival, dobäi. De Festival ass dëse Weekend (27. an 28. August) zu Ierpeldeng am Schlasspark. Hei fannen e ganze Pak flott Workshopen, sou ewéi och eng Rei flott Concerte statt.
Mattendran ass e Stand vum LIFE Eislek wou mir e Workshop iwwer wëll Kraider maachen. Heibäi kann een déi verschidde Kraider kenne léieren, richen a schmaachen.
Ausserdeem maache mir e Kraiderquark, deen een da mat frëschem Geméis teste kann. Fir Owes wann et kal gëtt kann ee mat de Kraider dann och Téi maachen.
Mir freeën eis iwwer vill interesséiert Leit, déi eise Stand besiche kommen.