19.05.2015

Trëppeltour um Natura 2000 Dag

De Life Eislek Projet organiséiert dësen Donneschden, 21. Mee, um Natura 2000 Dag zesumme mam Life Unio Projet en Trëppeltour iwwert ee vun deene schéinsten Naturweeër a Lëtzebuerg. Den Natur Pur Wanderwee weist wéi d’Notzung vun den natierleche Ressourcen d’Landschaft un der Uewersauer an de leschte Jorhonnert beaflosst huet. Wann dir interesséiert sidd fir mat ze goen, da mëllt iech um 26 90 81 27 1 un. Treffpunkt ass um 18:30 um Parking „Pont Misère“.