22.09.2015

Workshop: Lydia & Claude Bourguignon 23.09.15

15 Auer: Workshop – Buedemanalyse op Profil vun 2 Parzellen am Anzugsgebitt vun der Feierbech bei Kaalber: Beobachtung an Analyse, Berodung, Propositioune fir en respektvollen a spuersamen Ëmgang mam Buedem a Punkto Düngung, Benzin an Zäit.

Fir déi Professionell aus der Landwirtschaft (Bauren a Beroder).

Vun 15 bis 17 Auer, d’Plaze si begrenzt, Umeldung a weider Detailer um Tel.: 26908127-1, mëndlech Simultaniwwersetzung ass virgesin, Organisatioun LIFE UNIO a LIFE EISLEK

 Flyer Bourguignon

(mehr …)

19 Auer: Konferenz zu Lëtzebuerg, am Stater Kolléisch, Sall Folmer, Thema: Buedemqualitéit, d’Wichtegkeet vum Buedem, d’Grënn vu senger Verschlechterung, d’Roll vun de Mikro-Organismen, en nohaltegen Emgang mam Buedem, Weeër fir eng natierlech Fruchtbarkeet ze erhalen, dRoll vum Buedem am Karbonkreeslaf an am Waasserkreeslaf … Iwwersetzung ass virgesin

Fir de breede Publikum, Athénée de Luxembourg, 24 bd Pierre Dupong, Luxembourg

 Déi 2 Evenementer ginn als praktesch (mëttes) respektiv theoretesch (owes) Formatioun fir jeeweils 2 Stonnen ugerechent.

Organisatioun: SOS Faim, natur&ëmwelt am Partenariat mat ASTM; Caritas Luxembourg, Chrétiens pour le Sahel, Frères des Hommes, Meng Landwirtschaft, le Cercle de Coopération et le CELL.

Bourguignon